Léieren gëtt einfach a lëschteg

D’Jugend am Galop ASBL ass e pedagogesche Projet, deen de Kontakt tëscht Kanner, Jugendlechen an de Päerd an de Mëttelpunkt stellt. An engem natierlechen, rouegen an séchere Kader kréien d’Participanten d’Méiglechkeet, sech ze entwéckelen, Vertauen opzebauen an nei Erfahrungen ze maachen.

D’Iddi hannert dem Projet ass et, eng alternativ Approche zum Léieren unzebidden, bei där d’Relatioun mam Déier eng zentral Roll spillt. D’Päerd hëllefen dobäi, Emotionen ze verstoen, d’Selbstvertrauen ze stäerken an e respektvollen Ëmgang mam Liewewiesen ze léieren.

Nierft de klasseschen Aktivitéiten ronderëm d’Päerd (Fleeg, Kontakt, Zäit zesummen) ginn och pedagogesch an sozial Aktivitéiten ugebueden, déi d’Motorik, d’Konzentration an d’Zesummeliewen an der Grupp fërderen.

De PRojet riicht sech un Kanner a Jugendlecher mat ënnerschiddleche Besoinen: ob fir sech ze berouegen, sech selwer besser kennenzeléieren oder einfach eng positif Erfahrung an der Natur ze maachen.

Am Mëttelpunkt steet ëmmer de Respekt - vis-à-vis vum Déier, vun der Natur an och vun sech selwer.

Eng Fro? Loosst eis doriwwer schwätzen!

Schéckt eis Är Ufro, a mir kucken zesummen, wéi mir Iech ënnerstëtze kënnen.